Eis Gehorsam-Cours’en ginn lass

No enger Testphase am Summer ginn elo eis Gehorsam-Cours’en offiziell lass!

Dir fannt eis ab dem 15. September all Meinden um 19h30 an all Samsden um 9h00 um Terrain. Den Terrain ass zu Biissen an der Rue des Moulins ganz um Wupp. Kommt w.e.g. e bessen eischter bei den Terrain, datt äre Mupp Zäit huet fir sech propper ze maachen. Flexi-Lengten sinn fir den Cours net erwënscht.

Bei eisem Gehorsams-Cours leen mir Wärt op positv Bestärkung an éviteieren all Form vun Aggressioun. Et ginn Übungen wéi „bei Fouss“, „Bedrengungskrees“, Salom duerch d’Lait goen, deenen aaneren Moien soen etc. gemach an zousätzlech ginn all Kéier nei Übungen gemach déi den Besoin vun de Lait an den Hënn opgräifen. Mir machen och Übungen mat Geigestänn, wéi z.B. e Prabelli, eng Kutsch, e Velo, eng Tuut déi Kaméidi mécht oder Fudder un daat d’Muppen net dierfen dru goen (Imitatioun vu Gëftköder).

Eis Trainerin Nathalie huet vill Erfahrung an deem Beräich an gett op Ufro zousätzlech Tipps zur Ernährung vum Hond an zum Geschier/Lenkten. 

Den Cours kascht fir 6 Meint 80 EUR a fir 1 Joer 150 EUR fir een Hond. All weideren Hond am selweschten Zaitraum kascht fir 6 Meint 25 EUR an fir 1 Joer 50 EUR. Bezuelt gett normalerweis Enn September an Enn März an gett pro rata berechent wann Dir tescht deenen Perioden uffänkt.

Mellt Iech w.e.g. per Mail (agility.tornadoes@gmail.com) déi eischte Kéier un an gidd är Handysnummer un. Iwwer eng What’s App Grupp gidd Dir gewuer wann en Training mol geif ausfaalen. Den eischten Schnuppertraining ass gratis!

Bei weider Froen zeckt w.e.g. nët eis ze kontaktéieren.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s