Den Ice ass an Top-Form!

Dëse Weekend vum 25. September sinn d’Mandy an den Ice zu Woltz gestart. Si hunn trotz engem Fehler an engem Refus eng super 2t Platz konnten mat heem brengen an der Kategorie A1 Medium. Dir zwee sidd super! Gratulatioun!

D’Mandy an den Ice raumen weider of!

D’Mandy an säin Sheltie Ice hunn um Agilityweekend zu Saarbuerg deelgeholl, deen den 11. an 12. September 2021 do stattfonnt huet. Den 11. September huet den super Duo eng 2t Plaz am Agility and eng 4t Plaz am Jumping gemaach. Den 12. September hunn déi zwee am A1+A2 Spiel deelgeholl, wou si mat engem fehlerfräien…

D’Mandy m¨ëscht eng 1st Plaz zu Saarbuerg mam Ice

D’Mandy an den Ice sinn den 28. August 2021 zu Saarbuerg gestart an der Kategorie A1. Si si fehlerfräi gelaaf. Dëst huet dem Duo déi eischten Plaz am Agility abruecht an eng flott Flätsch! Félicitatioun Mandy & Ice!

Mir hunn erëm op!

Säit Enn Januar hu mir erëm lues a lues mat de Cours’en ugefang. Den Gehorsam fennt nët um Tarrain statt, mee mir ginn an e Besch oder e Park zesummen trëppelen. Ennerwee gëllt Maskenpflicht an mir maachen e puer kleng Übungen. Den Agility fennt a ganz klengen Gruppen um Terrain statt. Och hei gëllt Maskepflicht…

Eng zweet COVID Paus

Leif Memberen,Wéinst der aktuell alarmanter Covid-19 Situatioun, musse mir iech leider matdeelen datt mir all Training (Agility a Gehorsam) bis Mett November ofsoen.Mir si genau esou traureg wei dir dodriwwer an hu bis zum läschten Moment gehofft des Mesure net mussen ze huelen. Mee d‘Gesondheet vun eis all geet vir a mir si secher dir hutt…

Eis Cours’en sinn fir de Moment all voll

Fir de Moment sinn eis Gehorsam- an Agility-Cours’en all voll. Mir freeën eis immens iwwert dee groussen Zoulaaf an Interessi, trotz der aktueller Kriis an soen all eisen aktuellen Memberen e grousse Merci fir hiert Vertrauen!Ab März 2021 sinn eventuell rem Plaze fräi.

Agility Halloween Club Concours

LEIDER OFGESOT! Flott a gruseleg verkleet, wellen mir zesummen dëst dach net ëmmer esou einfacht Joër Revue passéieren loossen. Waat wier do besser wéi e klengen Club-Concours, bei deem eis Memberen weise kënnen, waat si an hire Mupp bis elo geleiert hunn? An deenen zwou Disziplinnen, Gehorsam an Agility, ginn eis 3 bäschten Hond-Mensch Teams…

Poulet-Muerte-Glace fir de Mupp

Bei gutt 35 Grad dobaussen, kennt eng Ofkillung genau richteg. De Cooper weist Iech haut, wéi seng Liblingsglace gemaach gëtt. Hien dierf keng normal Glace, well Muppen verdauen Mëllechproduit’en net gutt an do ass och ze vill Zocker dran fir de Muppen hier Zänn. Dofir ass des häerzhaft Variant besser fir eis véierbeeneg Frënn. Ingrédients…

E Stopp fir e Mupp

Eis Memberen sammelen fleisseg plastiks Stëpp fir Assistenzhënn. Dest ass en Service deen ugebueden gett vun der ASA ASBL. Durch d’Stëpp kreien si Ennerstëtzungen fir Hënn auszebilden, déi Lait mat besonnegen Besoin’en am Alldag zur Säit stinn. Mir fannen dest ass eng super Aktioun! D’Viviane, eise Member, betreit de Point de Collect zu Biissen. Eis Memberen…

Renovéieren

Aus alt mach neu! Daat ass de Motto vun eisem jonke Veräin. Vue datt mir reicht säit kuerzen existéieren, hunn mir net emmer d’Suen fir nei Geräter ze kaafen. Mir haten d’Chance d’läscht Joer e ganze Koup Agility-Material geschenkt ze kreien vun enger Privatpersoun. Dest Material stoung awer laang an engem Besch an esou huet…