Covid-19

No enger laanger Zwangspaus op Grond vun der Pandemie Covid-19 fänken mir rem mat regelmeissegen Traininger un. Fir d’Secherheet an d’Gesondheet um Terrain kennen ze garantéieren, bieden mir all Persoun déi op den Terrain kennt sech un folgend Mesuren ze halen. Wann Dir Iech net gutt fillt an een vun den typeschen Symptomer opweist, bleift…

Eis Cours’en ginn rem lass!

Dir hutt kuerz virum Confinement e Welpen kritt an e konnt déi ganz Zäit iwwer net an d’Welpenschoul goen?Elo, mat 6 Meint, ass de richtegen Moment mat engem Gehorsamcours unzefänken fir datt ären Mupp Kontakt zu aanere Muppe kritt an leiert op iech ze lauschteren. Natierlech ass all Hond an all Alter bei eis häerzlech…

Memberskaart 2020

Léiwen Hondsfrënd, Leider war et eis op Grond vun der aktueller Coronavirus-Kriis onméiglech Agility- a Gehorsamtraining unzebidden a mir hunn eis Coursen missen temporär op Äis leeën. Mir hoffen datt sech des Situatioun geschwënn ännert an datt mir an deenen kommenden Wochen erem kennen Cours’en ennert den recommandéierten Mesuren proposéieren. Mir géifen eis freeën wann…

Generalversammlung

Op eiser zweeter Generalversammlung hu mir zesumme mat der Gemeng Biissen, eise Memberen a Frënn eist zweejähregt Bestoen gefeiert – natierlech mat engem super Kuch vun Tata Niki’s Cakes. No eiser Präsentatioun vum Aktivitéitbericht an eise Finanzen esou wéi dem Wuert vun dem Buergermeeschter, gouf zesummen mat engem gudde Patt an Pizza aus dem Duerf op en erfollegräicht…

Joerës-Ofschloss um Terrain

Den 14. Dezember hu mir zesumme mat eise Memberen vum Gehorsam an Agility d’Joer ofgeschloss. D’Niki vun Tata Niki’s Cakes huet eis heivir e leckeren Kuch gebaack an et gouf och Téi a Kaffi fir eis opzewiermen. Mir soen jidferengen Merci deen eis an dësem Joer ennerstëtzt huet an eis begleet huet – op mat…

Biissener Chrëschtmaart

Um Weekend vum 30. November 2019 huet d’Biissen Gemeng erëm säi flotten Chrëschtmaart organiséiert fir datt d’Clibb vu Biissen e bëssen eppes an hier Keese kréien. Den Agility Tornadoes war och mat engem Stand present an huet selwergemaachen Leckerlie’en fir d’Muppen verkaf. Et war och eppes fir eis zweebeeneg Client’en dobäi: déi kruten lecker selwergemaachen Liefkuch-, Orange-, a Schockelas Cake Pops. Mir haten…

Journée de commémoration nationale

Den 12. Oktober 2019 waren e puer Memberen mat hiere Muppe mat am Cortège vun der Journée de Commémoration nationale matgaang, fir de Verstuewene vum zweete Weltkrich ze gedenken.

Eis Gehorsam-Cours’en ginn lass

No enger Testphase am Summer ginn elo eis Gehorsam-Cours’en offiziell lass! Dir fannt eis ab dem 15. September all Meinden um 19h30 an all Samsden um 9h00 um Terrain. Den Terrain ass zu Biissen an der Rue des Moulins ganz um Wupp. Kommt w.e.g. e bessen eischter bei den Terrain, datt äre Mupp Zäit huet…

E flotte Weekend zu Gilsdrëf

De Weekend vum 17. an 18. August sinn de Richard an d’Mandy zu Gilsdrëf um Sauerdall Cup gelaaf. Et war e flotte Weekend trotz Reen an et gouf keng Disqualificatioun fir eis Memberen. Eng „Dis“ kritt een aus verschiddenen Grënn, z.B. wann een méi wéi 3 Feeler huet oder den Hond en Gerät mescht ouni…

Den eischten Pokal fir eise Club

Haut hun d’Mandy an de Richard der Hetzt getrotzt an sinn zu Peiteng um Tournoi gestart. Et ass gutt fir eis gelaaf! De Richard an d’Fudge hunn den 1ste Präiss am M2 Agility gemach an dei 4t Plaatz am M2 Jumping. Häerzleche Gleckwonsch un déi zwee fir dest super Resultat! D’Manny ass mam Li op…