Eis Sponsoren

Mir soen eise Sponsoren e grousse Merci fir hier Ennerstëtzung!


Eis Trainerin Nathalie huet säin eegenen Honds- a Katzebuttek an versuergt och eise Club mat leckeren a gesonden Leckerli’en, Lenkten & Co. An der Fudderkescht gitt Dir gutt beroden. Op Demande stellt Nathalie ärem Hond en individuellen Barfplang op an erkläert Iech weieng Ernährungsform déi beschten fir äre Mupp ass. Bei him gëtt Qualitéit grouss geschriwwen an d’Gesondheet steet am Fokus.

Schwätzt hat eng Kéier no engem Training dorops un oder gitt bei hat am Buttek laanscht.
1, am Klousterfeld
L-9457 Landscheid

info@fudderkescht.lu
https://www.fudderkescht.lu/

Mir si frou Iech en neien Sponsor fir d’Joer 2020/2021 virstellen ze dierfen: Fellness – en aussergewéinlechen Déierencoiffersalon am Norden vum Land!

Wat anescht bei dësem Hondscoiffeur ass, wéi bei aneren? Den Salon ass ëmweltfrëndlech opgebaut an geféiert.

All eenzel Déier krit eng individuell Analyse vun Haut a Fell gemaach. Duerno gëtt de passende Shampoing selwer mat natierlechen Inhaltsstoffer kreéiert.

Eist Mara an eise Li waren schonn do an mir bestätegen, datt d’Muppen sech beim Stephanie wuel fillen. Hat huet en immens léiwen Ëmgang mat den Hënn. Och méi ängstlech Hënn fillen sech hei wuel an bei Hënn déi nach ni beim Coiffeur waren, kuckt d’Stephanie besonnesch no hinnen, fir datt si eng gutt Erfarung maachen.

Fellness organiséiert och Seminaire zur Basispfleeg, Handling Training an 1-Hëllef um Déier (de nächsten Cours ass den 21. an 22. November). 

Besonnesch interessant fir eis Agility Tornadoes Memberen: dir kritt bei der éischter Visitt -10% beim Virweisen vun der Memberskaart.

Weider Informatiounen fannt fir um Internetsite https://www.fellness.lu/ .

Mail: fellness@pt.lu
GSM: 621 48 57 57 
Tel.: 26 9 57 57 6 
Adresse: 62, Hauptstrooss L-9753 Heinerscheid

Mir hunn e neien Partner un eiser Säit: Dogs and Cats Services!

D’Nelly huet vill Erfarung mat Muppen a Kazen an ass staatlech gepréiften Gesondheetsberoderin fir Hënn. Viru gutt 2 Joer huet hat sech an dësem Beräich selbstänneg gemaach an bitt folgend Servicer un:

  • Dogwalking an Dogsitting am Beräich Habscht (+/- 20 km)
  • Hondspensioun bei him doheem (mat Iwwernuechtung)
  • Petsitting bei him doheem (ouni Iwwernuechtung)
  • Verkaf a Liwwerung vu Josera Honds- a Kazefudder
  • Verkaf a Liwwerung vu Déierenartikelen wéi Lenkten, Geschierer, Kratzbeem a villes méi
  • Transport bei den Hondscoiffeur oder bei den Déierendokter

Mir si frou esou en hondsbegeeschterten Sponsor u Bord ze hunn an kennen hat an säin léiwen an rouegen Ëmgang mat den Déieren nëmmen recommandéieren.

Mail: nelly.schneider@tango.lu
Tel.: 00352 691 197 729
50b, Rue de Kreuzbuch
L-8370 Hobscheid
Mo – Fr. 8:00 – 17:00 Auer

Véronique ass immens kreativ. Hat mëscht Schosselen, Figuren an Bijouen aus Céramique. Fir e flotte Kaddo sidd dir bei him genau richteg!

Oder maacht Iech an ärer Fellnues selwer e Kaddo mat enger flotter personaliséierter Fudder- oder Waasserschossel oder och eng Figur déi ausgesäit wéi äre Mupp oder Kaz.

D’Hondschossel kann an d’Spullmaschinn an och an d’Microwell. Si kann mat engem Muster gemaach ginn oder och de Numm vum Hond drop hunn – d’Faarw gett selbestverständlech och selwer rausgesicht.

Kukt bei him oder der Websäit oder op Facebook an mellt Iech bei him, fir Är Bestellung.

Mail: vero_weis@hotmail.com
GSM: 691 495 549
https://veroweis7.wixsite.com/ceramique


Den CM Attert vu Boevange ass äre Partner am Beräich vun industrielle Gebaier, Trapen an Paarten – vum Plang bis bei d’Ëmsetzung. Des Familljebetrieb bitt Iech ausserdeem des Servicer un: Schlesseraarbeschten, Stolkonstruktiounen an Reparaturen. Och wann är Paart klemmt oder net méi op an zou geet, hëllefen si Iech gären aus, mat engem vun den villen Ersatzdeeler op Stock.
Kontaktéiert si iwwer 236425-1.

15-17, rue de la Gare
L-8710 Boevange


Als grouss Frënn vun klengen Schneekegkeeten hunn mir eis immens gefreet d’Bäckeren Jos & Jean-Marie e weidert Joer zu eisen Sponsoren ze zielen. Bei hinnen gëtt et net nëmmen leckert Brout a Baguette, mee si hunn och déi beschten Mëtschen a Kuchen. Et kann een och vill Saachen op Demande kréien, z.B. fir e Gebuertsdag oder kleng Traiteurs-Häppercher fir eng Feier.

Eise Favorit ass den Céréal-Croissant oder den gutt gefëllte Croissant mat dem Fairtrade Schokela.

Déi noosten Bäckerei ass net wäit vun eisem Terrain fort:
2, rue de Finsterthal
L-7769 Bissen 
https://www.jjm.lu/

Déierefrups, oder och einfach als Frups bekannt, bitt säit 2005 hei zu Lëtzebuerg e flotten Service fir eis Déieren un. Op hirer Internetsäit fannt dir héichwäertegt Fudder (vill verschidden Top-Marken), Leckerlien an aner Produit’en fir eis Léifst.

Hieren Service ass virun allem praktesch! Dir kennt ganz einfach iwwer hier Websäit bestellen an ab engem Akaafswäert vun 30 EUR kritt dir alles gratis virun är Dir geliwwert – esou schleeft Dir keng schwéier Fuddersäk méi ronderëm.

Dir wësst nach net weien Fudder Dir sollt huelen? Gitt an hirem Shop um Colmar-Bierg laanscht an loosst iech professionell beroden. Huelt ären Mupp am Beschten mat shoppen, esou kennt Dir direkt mam frëndlechen Personal e Geschier oder en Halsband uprobéieren.

Déierefrups s.à r.l.
Zone Industrielle Piret
L-7737 Colmar-Berg
Tel. +352 28 83 64-1
Mail: info@frups.lu
www.frups.lu