Training

GEHORSAM

Dir fannt eis all Samsden um 9h30 um Terrain. Kommt w.e.g. e bessen eischter bei den Terrain, datt äre Mupp Zäit huet fir sech propper ze maachen. Flexi-Lengten sinn fir den Cours net erwënscht.

Bei eisem Gehorsams-Cours leen mir Wärt op positv Bestärkung an éviteieren all Form vun Aggressioun. Et ginn Übungen wéi „bei Fouss“, „Bedrengungskrees“, Salom duerch d’Lait goen, deenen aaneren Moien soen etc. gemach an zousätzlech ginn all Kéier nei Übungen gemach déi den Besoin vun de Lait an den Hënn opgräifen. Mir machen och Übungen mat Geigestänn, wéi z.B. e Prabelli, eng Kutsch, e Velo, eng Tuut déi Kaméidi mécht oder Fudder un daat d’Muppen net dierfen dru goen (Imitatioun vu Gëftköder).

Ären Mupp muss mind. 6 Meint al sinn fir um dësem Cours kennen deelzehuelen. Brengt Leckerlien an eng Spillsaach mat.


AANER COURS’EN

Nierwt dem Gehorsam bidden mir natierlech och Agility-Cours’en un. Och déi Cours’en fannen Samsdes statt: den Agility Small/Medium ass um 8h30 an den Agility Large ass um 10h30.

Egal op dir wellt op Concours’en starten oder et leiwer als Hobby wellt machen, mir fannen dei richteg Übungen an de richtegen Programm fir iech.

Kommt gären eng keier an eng gratis Schnupperstonn fir ze kucken ob et eppes fir Iech an äre Mupp ass.

Bei desem Cours muss den Hond mindestens 12 Meint al sinn.


WOU FANNT DIR EIS?

De Moment trainéiere mir op dem aale Fussballsterrain zu Biissen bei Miersch an der Rue des Moulins ganz um Wupp. Fuert bei der Gemeng an d’Rue des Moulins eran an fuert se bis ganz zum Schluss. Firun enger klenger Breck geet et no lenks weider. Hei sinn e puer Parkplaatzen. W.e.g. respektéiert d’Uwunner vun deser Strooss an fuert wéi virgeschriwwen 30 km/h max.

WAAT KASCHT ET?

Den Cours (egal op Agility oder Gehorsam) kascht vu Juni 2020 – September 2020 incl. kascht 60 EUR + 5 EUR Memberskaart. En zweeten oder dretten Mupp kascht 25 EUR fir déi selwescht Zäit.

De Cours vu Juni 2020 – März 2021 incl. kascht 125 EUR (Memberskaart incl.) an 50 EUR fir all zousätzleche Mupp.

D’Präisser gi pro rata berechent. Am Wanter gett do baussen traineiert.

Mellt Iech w.e.g. per Mail (agility.tornadoes@gmail.com) déi eischte Kéier un an gidd är Handysnummer un. Iwwer eng What’s App Grupp gidd Dir gewuer wann en Training mol geif ausfaalen. Den eischten Schnuppertraining ass gratis!

Bei weider Froen zeckt w.e.g. nët eis ze kontaktéieren.

Mir machen gären nach eng Kéier drop opmierksam datt äre Mupp geint Tollwut an geint den Zwengerhouscht muss geimpft sinn fir op den Terrain dierfen ze kommen.

Foto: de Li