Waat ass Agility

Agility ass eng beléift Hondssportart, bei där den Hondsbesetzer säin Hond méiglechst schnell a feelerfräi duerch verschidden Hindernisser leed. Hindernisser sinn zum Beispill Hürden, en Tunnel, e Reef, d’Wand, de Steech oder d’Wipp. 

Agility ass eng Wettkampfsportart, bei där den Training net nëmmen ob eng schnell Zäit an eng präzis Duerchféierung ofzielt, mee bei dem d’Bannung tëscht dem Mënsch an dem Hond am Mëttelpunkt steet.  

Den Mënsch gëtt dem Hond duerch déi verbal Sprooch oder duerch seng Kierpersprooch Befeeler an féiert hien sou duerch den Parcours. 

Fërdert déi natierlech Instinkter vum Hond

En wëllen Hond an der fräier Natur huet missen joen an rennen wann hien eppes z’iesse wollt hunn. En ass iwwer Bamstämm gesprong, en Hang erop a erof gelaf an huet sech duerch Hecken gequëtscht. Hautdesdaags brauchen eis Haushënn dëst net méi ze maachen well mir si fidderen. Et feelt hinnen oft den ausgeglachenen Alldag mat genuch Beweegung deen och de Kapp ureegt. 

Agility fördert déi ural Instinkter vum Hond an hält des oprecht, esou datt den Hond kierperlech a geeschteg fit bleift. 

Ass e gutt an ausgeglachent Training fir Mënsch an Hond

Agility ass eng gutt Méiglechkeet fir den Hond seng iwwerschësseg Energie lass ze ginn. Dëse Sport fokusséiert d’Beweeglechkeet an den Muskelopbau vum Hond. Ausserdeem gëtt d’Koordinatioun an d’Ausdauer gestäerkt. 

Och de Mënsch, deen matleeft, gëtt gefuerdert. D’Virdeeler fir de Mënsch sinn déi selwecht wéi déi fir den Hond. Et ass een Sport deen agil a fit hält an deen den Häerz-Kreeslaf op Trapp hält. 

Stäerkt d’Bannung tëscht Mënsch an Hond

En Agility-Parcours ass esou opgeriicht, datt den Hond den Parcours net ouni d’Befeeler vum Mënsch kann richteg oflafen. Den Hond muss sech op déi verbal an visuell Befeeler vum Mënsch verloossen an de Mënsch léiert datt eng präzis Kommunikatioun zum Erfolleg féiert. Esou gëtt d’Vertrauen tëscht Hond a Mënsch gestäerkt. 

Dëst kann och am Alldag vun Virdeel sinn, well grondleeënd Befeeler vum Gehorsam gestäerkt ginn an den Hond besser follegt. 

Zu Lëtzebuerg versammelen sech d’Agility-Veräiner all ënnert dem „Club Luxembourgeois pour Agility“, der CLA. Och mir geheieren der CLA un.

Weider Informatiounen zum Agility an zur CLA fannt Dir hei: http://agilitycla.weebly.com